WebComite

en  fr  de  lu

 

  • Voll upassbar
  • Benotzerfrëndlech
  • 4-sprocheg
  • Sécher
WebComite as eng Webapplicatioun déi Iech et erméiglecht an engem Aarbechtsgrupp, zu méi Memberen aus engem Komitee z.B., gläichzäiteg an der selwechter Datebank ze schaffen an esou ëmmer aktuell Donnéeën ze konsultéieren. Dir kennt déi Donnéeë ganz oder deelweis Äre Memberen zougänglech maachen an esouguer hinnen d’Méiglechkeet ginn eenzel Felder a Kolonnen (Adress, Telefon, a.s.w.) vun hiren eegenen Donnéeën ze änneren.

Dir kennt d'Formulaire ganz Äre Virstellungen no upassen:
  Dir kënnt aus 60 predefinéiert Felder a Kolonne wielen
  Beschreiwunge vun all Feld a Kolonn kann ass a 4 Sproochen a ka geännert ginn
  Gréisst, Positioun a Format vun all Feld a Kolonn kann individuell ugepasst ginn
  Et ginn 7 predefinéiert Benotzergruppen, 2 kënnt Dir zousätzlech bäisetzen
  Et gi 15 Rollen (readRights , updateRights, updateMemberFields, updatePayments, deleteMembers, deletePayments, ...) déi Dir Benotzergruppen zoudeele kënnt.
  Dir kënnt fir all Feld a Kolonn eenzel Lies- a Scheifrechter fir bis zu 9 verschidde Benotzergruppe ginn

Dir kënnt ugepasste Lëschte generéieren, exportéieren oder späicheren, Etiketten drécken, E-Mail Lëschte kopéieren, Cotisatioune géréieren a bis zu 100 Androunge gläichzäiteg änneren.

Sécherheet:
Duerch eng Connectioun iwwer SSL (Secure Socket Layer) ginn all Informatioune verschlësselt transferéiert.
Passwierder ginn zoufälleg erstallt und duerch die sougenannten "One-way Hash/Salt" Technologie verschlësselt gespäichert und iwwer E-Mail un d'Benotzer geschéckt

Informatioune kréien


E puer Printscreens:

Aloggen iwwert SSL


 

 

Consultatioun a Saisie (All Länner a all Lëtzebuergesch Uertschafte si predefinéiert)

 

Filtere no diverse Kriterien

 

Auswiel vun de Kolonnen

 

Gläichzäiteg Modifikatioun vu bis zu 100 Androunge

 

Etiketten drécken

 

Evenementer am Logbuch